LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie B96

(Unhänger >750kg)



De Führerschäin vun der Kategorie B96 ass erfuerderlech fir folgend Gefierer ze fueren:

  • - Unhänger, maximal zulässlecher Gesamtmass (MMA) vun de gekoppelte Gefierer
    (Gefier + Unhänger) muss zwëschen 3500 kg an 4250 kg leien;
  • - D'maximal zulässlech Gesamtmass vum Auto dierf net iwwer 3500 kg leien;
  • - D'maximal zulässlech Gesamtmass vum Unhänger dierf iwwer 750 kg leien.

Fir Iech unzemelden, kommt bis bei Fahrschoul laanscht
an bréngt all déi néideg Dokumenter mat.


Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie B96:

  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin;

Formatioun:

- Eng theoretesch an praktesch Formatioun vun 7 Stonnen,
awer ouni theoreteschen oder prakteschen Examen!