Führerschäin vun der Kategorie B100
(Motorrad ≤ 125 cm3)
De Führerschäin vun der Kategorie B100 erlaabt folgend Gefierer ze fueren:
- - Motorrad mat engem Hubraum ≤ 125 cm3, enger Leeschtung ≤ 11KW
an mat engem Verhältnis Leeschtung/Gewicht ≤ 0,1 kW/kg;
awer nëmmen um Territoire vum Grand-Duché de Luxembourg.
Konditiounen:
- - Führerschäin vun der Kategorie B
säit op mannst 2 Joer besëtzen.
Fir Iech unzemelden, kommt bis bei Fahrschoul laanscht
an bréngt all déi néideg Dokumenter mat.
Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie B100:
- - En Attest vum Dokter (manner ewéi 3 Méint al);
- - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
- - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
- - Fotokopie vun Ärem Führerschäin;
- - En Extrait vum Casier Judiciaire vum leschte Residenzland
(nëmme néideg wann Dir säit manner ewéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt
an wann Dir deemools Volljäreg waart).
praktesch Formatioun:
Eng theoretesch an praktesch Formatioun vun 7 Stonnen,
awer ouni theoreteschen oder prakteschen Examen!